Julien Hoffmann
Julien Hoffmann | |
---|---|
Gebuer |
31. Mee 1924 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 2007 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist, Museksprofesser, Sänger, Dirigent |
Famill | |
Kanner | Yannchen Hoffmann |
![]() |
De Julien Josef Ludwig Hoffmann, gebuer den 31. Mee 1924 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 6. Juni 2007[1], war e lëtzebuergesche Sänger, Dirigent, Komponist a Museksprofesser.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Julien Hoffmann war de Jong vum Maurice Hoffmann vu Montreuil bei Paräis an der Susanna Goerres.[2]
An den 1930er Joeren huet hien um Stater Conservatoire, beim Louis Petit a bei der Pëppi Beicht Solfège a Piano geléiert, méi spéit och Cello a Fagott. Tëscht 1938 an 1940, resp. 1942, war hie Sänger an Organist an der Stater Paterekierch an an der Kathedral.
1942 gouf hien zwangsrekrutéiert a koum an der Wehrmacht an e Musekskorps, deen d'Zaldote bei Laun hale sollt.
Nom Krich huet hie seng Pianosausbildung weidergefouert, ë.a. beim Richy Muller an Albert Leblanc. 1949 krut en zu Bréissel den 1. Präis. 1948 huet hien ugefaangen, selwer Paino- a Solfègecoursen ze ginn.
Wéinst enger Krichsblessur huet hien dunn awer de Piano opgehalen a sech op Gesang a Kompositioun konzentréiert. Hien huet ë.a. Coursen zu Saarbrécken an zu Salzburg geholl, wou en och seng éischt Fra kennegeléiert huet.
Berufflech war de Julien Hoffmann Museksprof a verschiddene Stater Lycéeën: 1951 bis 1988 am der Handwierkerschoul, an 1956 bis 1969 am Meedercherslycée, am Jongelycée, am Lycée Michel-Lucius an am Kolléisch.
Hie war Dirigent vu verschiddene Chéier, an Organist an der Kierch vun Hamm an an der Méchelkierch
De 6. Januar 1966 huet hien d'Chorale Jong-Letzeburg gegrënnt, e gemëschte Chouer mat Schüler aus dem Kolléisch an aus dem Meedercherslycée.
Hien ass de Papp vun der Yannchen Hoffmann.
Kompositiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Krëschtdag (1947)
- Vereinslidd vun der J.E.C. (1948).
- Le’f Consolatrix (1966)
- D’Briedemësser Lidd (1970)
- Ons Stât Letzeburg (1998)
- Marche Grand-Duc Henri fir Harmonieorchester (2000).
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1976)[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Nécrologie op der Websäit vum Piusverband Archivéiert de(n) 24.03.2012. Gekuckt de(n) 02.12.2010.
- ↑ Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Marlène Duhr: "‘Jong-Letzeburgs’ Taktgeber: Julien Hoffmann zum 100. Geburtstag." bnl.public.lu, 01.03.2024 (nogekuckt:27.02.2025.
- ↑ Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu